LMCC @ E-Drive Day

19th June 2024

club logo

L.M.C.C.

Den LMCC ass de 7 Juli um E-Drive Day zu Colmar Bierg präsent.

Dësen Evenement gëtt eng éischt Kéier dëst Joer vum Centre de Formation pour Conducteurs organiséiert a cibléiert d’Elektro Mobilitéit.

Mir ginn de Kanner hei d'Méiglechkeet en Elektro RC Auto ze fueren a wëllen hinnen domadder eng kleng Freed bereeden.

Jidderee kann sech mellen wann e Loscht huet eng Hand un ze paken.

Kommt gären zu Colmar Bierg tëscht 9 an 19 Auer laanscht.

image